Direkt op den Haaptinhalt

23.06.2026

Nationalfeierdag 2026 | Militärparad

Nationalfeierdag 2026 | Militärparad

Ee vun den Héichpunkte vun den offizielle Feierlechkeete fir Nationalfeierdag war dësen Dënschdeg déi traditionell Militärparad an der Neier Avenue a Presenz vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Esou wéi et Traditioun ass, huet de Grand-Duc als Kommandant vun der Arméi, zesumme mam Generol Steve Thull, d’Truppe Revue passéiere gelooss. Nom dräifache « Vive » an der Nationalhymn huet d’Militärparad ugefaangen.

Un der Parad hu Formatioune vun der Arméi, der Police, der Douane, der Prisongsverwaltung, dem CGDIS, dem Lëtzebuerger Roude Kräiz an der UGDA deelgeholl.

Um Enn vun der Parad sinn een Helikopter vun der Police an zwee Militärfligeren iwwer d’Nei Avenue geflunn, wat vum Public besonnesch geschätzt gouf.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue