Nationalfeierdag 2026 | Offiziell Zeremonie

23.06.2026

Nationalfeierdag 2026 | Offiziell Zeremonie

Dësen Dënschdeg hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse un der offizieller Zeremonie vum Nationalfeierdag an der Philharmonie deelgeholl, a Presenz vun de Vertrieder vun den Institutioune vum Land, de Vertrieder vum diplomatesche Corps souwéi vun Invitéen aus de verschiddenste Beräicher vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

260623_111632.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

260623_103552.jpg

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue

Bei dëser Geleeënheet huet de Grand-Duc seng éischt Ried op Nationalfeierdag als Staatschef gehalen, déi am Zeeche vun der Transmissioun stoung. A senger Usprooch huet de Grand-Duc ënnerstrach, datt d'Demokratie all Dag duerch den Engagement, den Dialog an d'Verantwortungsgefill vun all Eenzelnem erhalen a weidergi gëtt.

De Staatschef huet sech besonnesch un déi jonk Generatioun geriicht a si dozou opgeruff, sech kritesch mat Allem auserneen ze setzen, sech aktiv an d'Gesellschaft anzebréngen an d'Wäerter op deene Lëtzebuerg opgebaut ass, weider ze liewen an ze droen.