04.10.2025
Trounwiessel | Diddeleng : Eng Gesellschaft am Wandel

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Fir déi véiert Etapp vun dëser Tournée huet d’Gemeng Diddeleng en dynamesche Spektakel mat Artisten a Veräiner organiséiert, deen d’Verännerunge vun der Gesellschaft vun der industrieller Geschicht vun der Stad u bis zu den inklusiven a kulturelle Produktioune vun den Artiste vun haut nogezeechent huet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
D’Virstellung, mat dem Titel "Diddeleng, eng Stad a Beweegung", war ganz am Zeeche vu Beweegung, Liewensfreed a gesellschaftlechem Zesummenhalt. Besonnesch emotional war den Optrëtt vum Kënschtler Edsun mat sengem Lidd " Finally Alive ", bei deem Mënsche mat engem Handicap, an Zesummenaarbecht mat der Fondation Kräizbierg, matwierke konnten. De Staatschef an d’Grande-Duchesse goufen duerch d’Patrizia Van der Veken an de Jules Werner, Marraine a Parrain vun dëser Etapp, begleet, souwéi vun de Ministere Claude Meisch, Max Hahn, Gilles Roth a Georges Mischo.
D’groussherzoglech Koppel huet sech beandrockt gewise vum Engagement an der Energie vun der Staat Diddeleng, déi hir villfälteg kulturell Stäerkten am Kontext vun hirem industrielle Patrimoine op lieweg Aart a Weis gewisen huet.

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey