22.06.2026
Nationalfeierdag 2026 | Fakelzuch a Freedefeier
Fir d'Feierlechkeeten um Virowend vun Nationalfeierdag ofzeschléissen, hunn de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse um Knuedler an der Stad dem Ständche vun der Militärmusek nogelauschtert, ier si zesumme mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer, um traditionelle Fakelzuch deelgeholl hunn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Wéi all Joer hu vill Veräiner beim Cortège matgemaach, dee vu Lidder, Dänz an Opféierunge begleet gouf. De Fakelzuch stoung domadder fir de kulturelle Räichtum an d’Diversitéit vu Lëtzebuerg an huet huet eemol méi vill Spectateuren ugezunn.
De Programm ass mam traditionelle Freedefeier um Pont Adolphe weider gaangen. Domadder waren d'Feierlechkeeten um Virowend vum Nationalfeierdag an der Stad eriwwer an d’Volleksfest an de Stroossen huet ugefaangen. Muer um 23. Juni sinn dann déi offiziell Zeremonien.




















