22.06.2026
Nationalfeierdag 2026 | Virowend zu Déifferdeng
Op hirem hirem éischte Virowend vun Nationalfeierdag als groussherzoglech Koppel waren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dëse Méindeg op Déifferdeng, wou si un de Feierlechkeeten deelgeholl hunn, ënner anerem a Presenz vum Chamberspresident Claude Wiseler, vum Minister Marc Spautz, vum Buergermeeschter Guy Altmeisch, souwéi vu villen anere Vertrieder aus dem ëffentleche Liewen an enger grousser Zuel vu Biergerinnen a Bierger.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am Laf vun hirer Visitt am Park Gerlache krut déi groussherzoglech Koppel dat dynamescht Gemengeliewe gewisen, mat sengem villsäitege Veräinsliewen, enger engagéierter Jugend - vertrueden ënner anerem duerch d'Lycéeën an d'Universitéit – souwéi ausgeet. Duerno hu si déi vill Leit begéint, déi komm waren, dat ganzt an enger häerzlecher a frëndlecher Atmosphär.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
