05.05.2026
Trounwiessel x Cactus | Scheckiwwerreechungen un Associatiounen
Am Kader vum Trounwiessel huet de Cactus-Grupp senge Clienten Objeten aus der Trounwiessel-Kollektioun op verschidde Verkafspunkten ugebueden. Sou wéi vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse gewënscht, huet de Cactus en Deel vum Akommes un d'Associatiounen « Stëmm vun der Strooss » an d'Fondation Autisme gespent.
© Maison du Grand-Duc
Um Dënschdeg hunn de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse d'Vertrieder vun dësen Associatiounen an d'Direktioun vum Grupp vun de Geschäfter fir eng offiziell Scheckiwwerreechung am Palais empfaangen. Déi Groussherzoglech Koppel seet dem Cactus a senge Cliente Merci fir hir Ënnerstëtzung, duerch déi déi genannten Associatioune weider hir sozial Projete kënne finanzéieren.




















