Actualité

Prënzenhochzäit vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie

De 26. Abrëll 2012 huet de Maréchalat de la Cour bekannt ginn, datt de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse déi grouss Freed hätten, d’Verlobung vun hirem Fils, dem Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog, mat der Comtesse Stéphanie de Lannoy bekannt ze ginn. Den 3. Mee 2012 huet de Maréchalat de la Cour bekannt ginn, datt d’Hochzäit vum Ierfgroussherzog an der Comtesse Stéphanie de Lannoy op e Samschdeg, den 20. Oktober 2012, festgeluecht gouf.

Le Couple héritier

© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Den 20. Juni huet de Maréchal de folgende virleefege Kalenner vun de Festivitéite matgedeelt:
Freideg, 19. Oktober 2012
15.30 Auer    Zivilt Bestietnis an der Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg
19.30 Auer    Galadinner am Palais

Samschdeg, 20. Oktober 2012
11.00 Auer    Reliéis Zeremonie an der Kathedral vu Lëtzebuerg
13.00 Auer    Receptioun am Palais