18.12.2025
27. Chrëschtfeier vun der Stëmm vun der Strooss
D’Associatioun "Stëmm vun der Strooss" huet dësen Donneschdeg hir traditionell Chrëschtfeier am Centre culturel Victor Hugo zu Lëtzebuerg organiséiert. De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse hunn un dëser Feier, begleet vun de Ministere Xavier Bettel a Martine Deprez, deelgeholl.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Iwwert d'Mëttesstonn huet déi groussherzoglech Koppel an enger festlecher a geselleger Atmosphär zesumme mat Beneficiairë vun der Associatioun giess. Si hu bei där Geleeënheet och d’Benevolle getraff, déi Kleeder a wichteg Alldagsproduiten un déi 650 ageluede Gäscht verdeelt hunn.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
D’groussherzoglech Koppel begréisst dat grousst Engagement vun der Associatioun an hire Benevollen, déi sech d’ganzt Joer iwwer fir d’Ënnerstëtzung vu bedürftege Leit asetzen.
© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue
Aktivitéiten | De Grand-Duc
Aktivitéiten | D’Grande-Duchesse
Zougangsastellungen
Sichen




















