11.12.2025
Besuch fir d'Enn vum Joer bei der Fondation Autisme Luxembourg
D'Fondation Autisme Luxembourg (FAL) preparéiert sech op d'Feierdeeg vun Enn vum Joer. An enger flotter Ambiance huet déi groussherzoglech Koppel, begleet vum Minister Max Hahn, e Bastelnomëtteg mat de Kanner an de Mataarbechter an engem Foyer de jour verbruecht. Den Asaz vun all de Participanten ass mat engem gesellege Maufel belount ginn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
D'FAL ass am Joer 1996 vun engem Grupp vun Eltere gegrënnt ginn. Si bitt e breetgefächerte Choix un adaptéierte Servicer fir Jugendlecher an Erwuessener. Haut engagéiert dës Stëftung sech besonnesch fir d'Defense an d'Fërderung vun de Rechter vu Mënschen, déi u verschidde Forme vun Autismus leiden.
