« De Mains De Maîtres » zu Venedeg: 10 Joer am Déngscht vum Konschthandwierk zu Lëtzebuerg
10.09.2026
« De Mains De Maîtres Luxembourg » gouf 2016 gegrënnt. D’Associatioun feiert dëst Joer hiren 10. Gebuertsdag. Zënter zéng Joer huet d’Initiativ, déi besonnesch vun der Grande-Duchesse gedroe gëtt, d’Kreativitéit an de Savoir-faire vum Lëtzebuerger Konschthandwierk am Grand-Duché an am Ausland bekannt gemaach a valoriséiert.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Dësen Donneschdeg waren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, begleet vum Minister Eric Thill, zu Venedeg am Kader vun dësem Anniversaire. Do hunn si « Fiat Lux » besicht, d’Ausstellung vun « De Mains De Maîtres», déi am Kader vun der internationaler Biennale vum Konschthandwierk Homo Faber presentéiert gëtt.
D’Ausstellung « Fiat Lux » an der Casa Sanlorenzo weist eng Selektioun vu Wierker vu 27 Lëtzebuerger Kënschtler ronderëm d’Thema Luucht. D’Wierker weisen d’Diversitéit vun de benotzte Materialien an Techniken, esou wéi och de groussen handwierkleche Knowhow.