27.01.2026
Visitt am Hospice zu Hamm
En Dënschdeg hunn d'Bewunner an d'Personal vum Hospice zu Hamm de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse begréisst, déi vum Minister Max Hahn, vum President vun den Hospices civils vun der Stad Lëtzebuerg, Henri Grethen, a vun der Stater Schäffin Corinne Cahen begleet goufen.
Dës Struktur gouf 2014 moderniséiert, fir esou besser den Uspréch vun enger Bevëlkerung gerecht ze ginn, déi ëmmer méi al gëtt, an och fir do Leit besser ze encadréieren déi ënner Demenz leiden.
Wärend hirer Visitt, huet déi groussherzoglech Koppel déi verschidde Servicer virgestallt kritt. Dono hunn si d'Bewunner vun der Unitéit fir intensiv Fleeg besicht a mat hinnen e puer agreabel Momenter verbruecht.
Déi groussherzoglech Koppel huet d‘Professionalitéit an den deeglechen Engagement vum Personal ervir gehuewen, dat all Dag zum frëndlechen a wierdege Kader bäidréit an deem di ronn 200 Bewunner vun der Struktur liewen.
