Actualité

Trounwiessel - Nei offiziell Portraite

25.08.2025

Communiqués

Entdeckt déi nei offiziell Portraite vum zukünftge Grand-Duc a vun der zukünfteger Groussherzoglescher Koppel

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
© Maison du Grand-Duc / Christian Aschman

Am Kader vum Trounwiessel, deen e Freideg, den 3. Oktober 2025 stattfënnt, huet d’Maison du Grand-Duc offiziell Portraite vum zukünftege Grand-Duc an der zukünfteger groussherzoglecher Koppel maache gelooss.

Dës Fotoen, déi vun de Lëtzebuerger Fotografe Kary Barthelmey a Christian Aschman gemaach goufen, ginn traditionell an den ëffentleche Gebaier a Geschäfter ausgestallt. D‘Division Imprimés et fournitures de bureau du Centre des technologies de l’information de l’État (CTIE) këmmert sech ëm d‘Diffusioun vun de Fotoen un all staatlech Administratiounen. All aner interesséiert Entitéit ka sech per E-Mail un de CTIE wenden, op dëser Adress: diffusion@ctie.etat.lu

De Portrait vum zukünftege Grand-Duc a Militäruniform gëtt no senger Nominatioun zum Generol publizéiert.