Actualité

Hochzäit vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie - dat zivilt Bestietnes

19.10.2012

Mariages

D’Zeremonien a Feierlechkeete ronderëm d’Prënzenhochzäit hu moies ugefaangen, wéi de Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, an d’Comtesse Stéphanie de Lannoy un engem Ëmpfank am Groussen Theater vun der Stad Lëtzebuerg deelgeholl hunn, deen d‘Membere vun der Regierung vum Grand-Duché zu hiren Éiere ginn hunn an deen hinnen en Treffe mat der Jugend vum Land erméiglecht huet.

Mariage Couple héritier
© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Hochzäit vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie - dat zivilt Bestietnes an der Stater Gemeng

Ageluede ware Vertrieder vun de lëtzebuergesche Jugendbeweegungen a -verbänn, jonk Mënschen, déi um selwechten Dag wéi déi jonk Koppel gebuer sinn (den 11. November 1981 resp. den 18. Februar 1984), souwéi Koppelen, déi sech och den 20. Oktober 2012 bestuede wollten. Nomëttes sinn de Prënz Guillaume an d’Comtesse Stéphanie fir dat zivilt Bestietnes mam de Buergermeeschter Xavier Bettel an d’Stater Gemengenhaus gaangen, mat dobäi ware béidsäiteg Famillen a Membere vun der Regierung.

Um Enn vun der ziviller Zeremonie ass déi jonk Koppel op d’Leit getraff, déi de Cortège tëscht dem Palais an der Gemeng um Knuedler op engem groussen Ecran verfollegt haten. Owes war e Gala-Dinner am Palais.

Mariage du Couple héritier
© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Zivilt Bestietnes am Stater Gemengenhaus