Actualité

Hochzäit vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie : Intressantes an Initiativen

20.10.2012

Mariages

Den 20. Oktober 2012 gouf an der Kathedral vu Lëtzebuerg d’Hochzäit vum Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, an der Comtesse Stéphanie de Lannoy gefeiert. Liest hei méi iwwer d’Initiativen an d'Geschichte vum Dag.

Photo officielle mariage Couple héritier
© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Offiziell Foto vun der Prënzenhochzäit

Interessantes

D‘Brautréng
Si sinn aus gielem Gold aus fairem Handel gemaach, eng bewosst Entscheedung vun der jonker Koppel, déi domadder hir besonnesch Opmierksamkeet fir Ëmweltfroen a Verbindung mam Anhale vun de Reegele vum eetheschen Handel markéiert huet.
 

D’Tenue vun der Braut
D’Comtesse Stéphanie de Lannoy huet een, fir si kreéiert Haute-Couture-Kleed vun Elie Saab gedroen, Si huet de Famillen-Diadeem vun der Firma Althenloh vu Bréissel gedroen, de Brautbouquet war eng Kreatioun vun der Maison Lachaume vu Paräis.

Musikaleschen Encadrement vun der Zeremonie
3 Chéier an 2 Orchester, begleet vun 2 Organisten hu fir de musikalesche Programm vun der reliéiser Zeremonie gesuergt, nämlech de Chouer vun der Kathedral, d’Maîtrise, de Solistechouer vun der Kathedral, de klengen Ensembel an den Orchestre de Chambre de Luxembourg ënner de Leedung vum Här Antonio Grosu. D’Militärmusek gouf vum Lt Jean-Claude Braun dirigéiert an den Titularorganist vun der Kathedral Paul Breisch huet, zesumme mam Här Laurent Felten, d’Uergel gespillt.

D’Blummen an d’Dekoratioun
No den Uweisungen a Skizze vun der Grande-Duchesse huet de Service Jardins & Parc vu Schlass Bierg, ënner der Leedung vum Här Paul Damé, d’Dekoratiounen a Blummenarrangementer gemaach a koordinéiert. D’Team vum groussherzoglechen Haff gouf verstäerkt duerch de Koschter vun der Kathedral, Alain Feltes a seng Kolleegen, lëtzebuergesch Floristen, souwéi 2 Klasse vun der Sektioun „Floristik“ aus der Akerbauschoul vun Ettelbréck, alles an allem en Team vu 26 Persounen, déi a 6 ganzen Deeg bal 3000 Rousen, 500 gréng Planzen an aner Blumme verschafft hunn. Aus Respekt zur Ëmwelt an de Consignë vum fairen Handel ass de ganze Projet ënner dem Label „Transfair“ gelaf. D’Blummendekoratioun ass op der Plaz bliwwen a konnt vun der Ëffentlechkeet bewonnert ginn. Duerno kruten d’Leit d’Schnëttblumme geschenkt an déi gréng Planze goufen a verschidde Parken a Gäert geplanzt.  

D’Kichecheffen an de Menü
De Gala-Dinner an de Banquet am Palais goufe vum Här Franck Panier koordinéiert an ënner sengem Kommando zesumme mat senge Leit an anere lëtzebuergesche Käch a Pâtissieren virbereet: de Stärekach Thierry Duhr, déi 1. weiblech Gewënnerin vum Bocuse d’Or, Léa Linster, de Kichechef vum Hotel Royal souwéi d‘Haffliwweranten Oberweis fir d’Pièce-Montée an Namur fir de Bamkuch. Um Menü fir de Gala-Dinner freides, den 19. Oktober 2012 am Palais stoung: « Cannelloni de bar sauvage » an Tartar vu Languste mat enger Austere-Vinaigrette a Kaviar. Duerno gouf et mat Foie gras gefëllten Dauwebrëschtchen mat enger Mousseline-Zooss a glacéiert Käschten. Den Dessert war eng Variatioun vun der Poire Belle-Hélène mat waarmem Schockela.

 

Interessantes ronderëm d‘Hochzäit

Déi agelueden Ëffentlechkeet bei der reliéiser Zeremonie
Den 1. Oktober 2012 huet de Maréchalat de la Cour bekannt ginn, datt de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse, bei Geleeënheet vun den Hochzäitsfeierlechkeete vum Ierfgroussherzog an der Comtesse Stéphanie de Lannoy alleguerten déi, déi bei der reliéiser Zeremonie an der Kathedral wéilten dobäi sinn, fir samschdes, den 20. Oktober 2012, um 11. Auer alueden.
Wéint dem groussen Erfolleg vun der Annonce, datt Sëtzplaze bei der Hochzäitszeremonie vun der Prënzekoppel an der Kathedral zur Verfügung stéingen, gouf d’Limitt vun de Sëtzplazen um Moie vum 4. Oktober 2012 erreecht.

D’Stëftung vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse
Am Kader vun der Prënzenhochzäit haten de Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, an d’Comtesse Stéphanie de Lannoy, alle béid Administrateur bei der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse, de Wonsch, sozial Projeten am Grand-Duché ze ënnerstëtzen an ze entwéckelen.
Fir déijéineg, déi en Don als Hochzäitscadeau fir déi jonk Koppel wollte maachen, war e spezielle Kont: Prënzenhochzäit – sozial Projeten zu Lëtzebuerg, opgemaach ginn.
Zanter méi wéi 30 Joer dréit d‘Fondatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse mat Succès zur Integratioun vu Mënsche mat besonnesche Besoinen an d’lëtzebuergesch Gesellschaft bäi an ënnerstëtzt verschidde Projeten an Entwécklungslänner, wéi z.B. am Burundi (Projet Main tendue à l’enfance).

Villeroy a Boch: limitéiert Oplag
Villeroy a Boch, déi berüümt Firma, déi sech zanter méi wéi 260 Joer op d’Produktioun vu Keramik spezialiséiert huet, hat bei Geleeënheet vun der Prënzenhochzäit eng limitéiert Serie vu Porzeläinsartikelen erausginn. De Verkaf an de Villeroy a Boch Geschäfter goung de 27. September 2012 un. Vum Verkaf vun all Artikel goufe 5 Euro un d‘"Fondation du Grand-Duc et la Grande-Duchesse" gespent, där hiert Zil et ass, Mënsche mat besonnesche Bedürfnisser an déi lëtzebuergesch Gesellschaft ze integréieren a spezifesch Projeten a verschiddenen Entwécklungslänner ze ënnerstëtzen.

Gléckwënsch schécken
D’CLC (confédération luxembourgeoise du commerce), dee "Luxembourg, Pôle de Commerce et de la Grande Région" vertrëtt, huet d’Ëffentlechkeet agelueden, der jonker Koppel am Kader vun enger landeswäiter Aktioun hir Gléckwënsch auszedrécken. Am Opdrag vum lëtzebuergeschen Handel, den Handwierker, den Hotel- a Restauratiounsbetriber gouf eng Mediecampagne mam Numm „Action Mariage Princier“ lancéiert. Bei dëser nationaler Gléckwonschaktioun gouf eng riseg Kaart gemaach, déi duerch d’ganzt Land goung, fir jidderengem, dee wollt, d’Méiglechkeet ze ginn, seng Wënsch a Gléckwënsch un d’Koppel ze riichten. Déi riseg Kaart war tëschent dem 28. September an dem 19. Oktober 2019 uechter de ganze Grand-Duché ënnerwee.

Office National du Tourisme Luxembourg
Entdeckt hei d’Festivitéiten, déi d’Stad Lëtzebuerg bei Geleeënheet vun der Prënzenhochzäit mam Office National du Tourisme Luxembourg (ONT) organiséiert hat, gradewéi d’Initiative vum ONT am Laf vum Joer.

Luxembourg City Tourist Office (LCTO)
De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet bei Geleeënheet vun der Hochzäit vum Ierfgroussherzog an der Comtesse Stéphanie de Lannoy iwwer d’ganzt Joer besonnesch Offeren ugebueden fir de Besuch am Land an den Openthalt am Grand-Duché.

Philatelistesch Extraen
De 25. September 2012 gouf no der Annonce vun der Verlobung e speziellen Timber an e Block mat Fotoe vun der jonker Koppel vun der Post (P&T Luxembourg) erausginn.
Et ass eng Traditioun, bei groussen Evenementer, déi mat der groussherzoglecher Famill zesummenhänken, eng speziell Ausgab vun engem Timber ze maachen.

Déi groussherzoglech Sëlwerkummer
Dat groussherzoglecht Sëlwer: Meeschterwierker aus Gold a Sëlwer erzielen d’Geschicht vun der Lëtzebuerger Dynastie, eng Ausstellung, déi bis den 13. Januar 2013 am Musée national d'histoire et d'art zu Lëtzebuerg (MNHA) ze gesi war. Als Deel vun de Feierlechkeete fir d’Prënzenhochzäit goufen e puer vun den, am Musée ausgestallte, Stécker, vum 17. bis den 23. Oktober opgeholl, fir de Glanz vum Evenement ze ënnersträichen. Duerno gounge se bis zum geplangten Enn vun der Ausstellung hannescht an de Musée.

D’Geschicht vun der Monarchie an den nationale Sammlungen
Am Kader vu senger Aufgab, Muséeën a Kulturariichtungen ze koordinéieren, hat de Kulturministère eng Broschür zum Theema „Déi lëtzebuergesch Dynastie an de Kulturariichtungen“ entworf an erausginn, an där historesch Stécker a wäertvoll Géigestänn an den nationale Sammlungen, déi mat der Geschicht vun der groussherzoglecher Famill verbonne sinn, virgestallt an erzielt goufen.

I’m in Love
De lëtzebuergesche Komponist Joël Heyard huet sech zu engem Lidd inspiréiere gelooss: „I’m in love“. Bei Geleeënheet vun deem glécklechen Evenement huet hie säi Wierk, mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère, produzéiert a verkaf, an den Erléis dem spezielle Kont: „Prënzenhochzäit – sozial Projeten zu Lëtzebuerg“ vun der Fondation du Grand-Duc et de la Grande-Duchesse zoukomme gelooss.