D’Groussherzoglech Koppel zu Metz bei Geleeënheet vun der Visitt vum Poopst Leo XIV.
28.09.2026
Op Invitatioun vum franséische President Emmanuel Macron waren de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse dëse Méindeg zu Metz am Kader vun der Visitt vum Poopst Leo XIV.
E Réckbléck op d’Héichpunkte vun dëser historescher Visitt, déi no bei der Lëtzebuerger Grenz stattfonnt huet.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
Moies war de Grand-Duc am Kongresszenter fir d‘Ried vum Poopst mam Titel „Aux racines de l’Europe pour la paix et l’unité“ nozelauschteren, an där et ënner anerem em d'Roll vum Robert Schuman als ee vun de Grënner vun der Europäescher Unioun goung.
© Maison du Grand-Duc
Am Nomëtteg huet d’Groussherzoglech Koppel un der Mass deelgeholl, déi vum Hellege Papp an der Kathedral Saint-Étienne gehale gouf. Dobäi hu jonk Lëtzebuerger zu Éiere vum Poopst gesongen.
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc
© Maison du Grand-Duc