Éischten Dag vun der Staatsvisitt vum President vu Finnland
29.09.2026
Renconter mam Public an akademesch Sëtzung op der Stater Gemeng
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Am Ufank vum Nomëtteg waren déi Groussherzoglech Koppel an déi finnesch Presidentekoppel fir eng akademesch Sëtzung an d’Stater Gemeng invitéiert. Um Knuedler sinn déi zwou Koppelen do virdrun op déi vill Leit duergaangen, déi komm waren, fir si ze begréissen.
Op der Stater Gemeng goufen déi zwou Koppele vun der Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Lydie Polfer, a Presenz vum Schäffen- a Gemengerot empfaangen. Wärend der Zeremonie, déi musikalesch vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg encadréiert gouf, waren et Usprooche vun der Buergermeeschtesch a vum President Stubb.