Staatsvisitt vu Finnland zu Lëtzebuerg | Offiziell Begréissungszeremonie virum Palais
29.09.2026
Tervetuloa Luxemburgiin!
Op Invitatioun vum Grand-Duc an der Grande-Duchesse sinn de President vu Finnland, Alexander Stubb, a seng Fra, d’Madamm Suzanne Innes-Stubb, den 29. an 30. September op Staatsvisitt zu Lëtzebuerg. Et ass déi éischt Staatsvisitt, déi d’groussherzoglech Koppel zanter dem Trounwiessel zu Lëtzebuerg empfänkt.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
Dës Visitt bitt d’Geleeënheet fir déi bilateral Relatiounen an d’Zesummenaarbecht tëscht Finnland a Lëtzebuerg an deene strategesche Beräicher ze verdéiwen, wou béid Länner gemeinsam Interessen hunn.
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey
E Réckbléck op déi offiziell Begréissungszeremonie virum groussherzogleche Palais, an déi uschléissend Reunioun tëscht den zwou Koppele.