Staatsvisitt vum President vu Finnland | Galadinner

29.09.2026

Staatsvisitt vum President vu Finnland | Galadinner

Den éischten Dag ass mat engem Galadinner am Groussherzogleche Palais op en Enn gaangen. A senger Ried huet de Grand-Duc déi enk Bezéiungen tëscht Lëtzebuerg a Finnland ervirgehuewen, grad ewéi déi gemeinsam Wäerter an Interessen, déi déi zwee Länner an engem internationale Kontext verbannen, dee vu groussen geopoliteschen a sécherheetspoliteschen Erausfuerderunge gepräägt ass.

soireepalais_web_00062-9.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Mat Bléck op d’Resilienz an d’Upassungsfäegkeet vu Finnland huet hien d’Bedeitung vun der Zesummenaarbecht, dem Dialog an enger op Reegele baséierter internationaler Uerdnung fir Länner wéi Lëtzebuerg a Finnland ënnerstrach. De Grand-Duc huet och de gemeinsamen Engagement vu béide Länner fir Europa, de Multilateralismus an eng verantwortungsvoll Innovatioun ervirgehuewen, déi am Déngscht vum Mënsch an den zukünftege Generatioune steet.