Staatsvisitt vum President vu Finnland | Leschten Dag

30.09.2026

Staatsvisitt vum President vu Finnland | Leschten Dag

Universitéit Lëtzebuerg

unibelval_web_00001-2.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt huet dëse Mëttwoch op der Uni Lëtzebuerg ugefaangen.

unibelval_web_00001-6.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

unibelval_web_00001-12.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D’Groussherzoglech Koppel an d’Presidentekoppel hunn, zesumme mat der Ministesch Stéphanie Obertin, d’Raimlechkeeten an d’Infrastrukture vum Campus besicht, déi et der Universitéit haut erméiglechen, fir sech als internationalen Exzellenzzenter am Beräich vun der Fuerschung an der Innovatioun ze positionéieren.

Am Kader vun der Visitt goufe verschidde Fuerschungsprojete virgestallt, ënner anerem aus de Beräicher Gesondheet, kënschtlech Intelligenz, Daten, Weltraum an Héichleeschtungsrechnen.

Ausstellung „La paix (in)achevée“

web_00017.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Parallel dozou hunn d’Madamm Innes-Stubb an d’Grande-Duchesse an der Nationalbibliothéik d‘Ausstellung „La paix (in)achevée“ vum Historiker Mohamed Hamdi besicht déi geschwënn opgeet.

Mat Hëllef vun Archiven, Temoignagen a Wierker weist d’Ausstellung déi ënnerschiddlech Konzeptioune vu Fridden zu Lëtzebuerg an iwwer seng Grenzen eraus, tëschent den Erwaardunge vun de Bierger, offizieller Politik, Utopie a Realitéit.

Visitt bei SES

ses_web_00042.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Als virlescht Etapp vun der Staatsvisitt hunn de Grand-Duc an déi finnesch Presidentekoppel, begleet vum Premierminister Luc Frieden, de Satellittebedreiwer SES zu Betzder besicht. Um Programm stoung eng Presentatioun vun den Aktivitéite vun der Entreprise, an duerno eng Visitt vum Kontrollzentrum.

ses_web_00035.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

ses_web_00039.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

D‘SES dréit ënner anerem zu de Kapazitéite fir sécher Kommunikatioun am Beräich vun der Verdeedegung bäi. Iwwer de Projet GovSat, deen an Zesummenaarbecht mam Lëtzebuerger Staat entstanen ass, gi Regierungen an Institutiounen zouverlässeg a sécher Satellittekommunikatiounsservicer zur Verfügung gestallt.

Ofschloss vun der Staatsvisitt

findel_web_00048.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Um Findel huet d’Groussherzoglech Koppel der finnescher Presidentekoppel Äddi gesot no der Visitt déi zwee Deeg gedauert huet an déi sech duerch e chargéierten an ofwiesslungsräiche Programm a villen Echangen ausgezeechent huet. Dës Staatsvisitt markéiert eng nei Etapp an de Relatiounen tëschent Finnland a Lëtzebuerg.

findel_web_00049.jpg

© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey