Actualité

Gebuert vum Prënz François

Portrait du Couple Héritier avec le Prince Charles
© Maison du Grand-Duc / Kary Barthelmey

Den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin hunn déi grouss Freed, d’Gebuert vun hirem Jong matzedeelen. Hien ass haut, Méinden, de 27. Mäerz 2023 um 10.04 Auer an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm.

De Prënz kritt de Virnumm François Henri Luis Marie Guillaume. Hien huet e Gewiicht vun 3.575 kg an eng Gréisst vu 53 cm.

Der Prinzessin Stéphanie an dem Puppelche geet et gutt.

D’Ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Charles freeën sech drop, Iech de Prënz François kënne virzestellen.

Méi Informatiounen iwwert d'Gebuert

De Maréchal de la Cour informéiert, datt d’Gebuert vum zweete Kand vum Ierfgroussherzog an der Ierfgroussherzogin mat eenanzwanzeg Kanouneschëss vum Fetschenhaff aus annoncéiert gëtt.

Fir de glécklechen Elteren ze felicitéieren, bitt d’Maison du Grand-Duc folgend Méiglechkeeten:

  • E Gléckwënschregëster an der Police-Loge vum Palais (rue du Rost)
    vum 28.03.2023 - 30.03.2023
    vun 9:00 - 12:00 Auer a vun 13:00 - 17:00 Auer
     
  • Per Post:

    Palais grand-ducal
    B.P. 331
    L-2013 Luxembourg

d'Fondation Lëtzebuerger Kannerduerf (SOS Village d’Enfants Luxembourg)

Amplaz vu Cadeauen géifen den Ierfgroussherzog an d’Ierfgroussherzogin sech iwwer en Don un d’Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf (SOS Kannerduerf Lëtzebuerg) freeën.

SOS Kannerduerf begleet Kanner, Juegendlecher a Familljen a schwierege Liewenssituatiounen, an hëlleft de Kanner a Jugendlechen, sech an engem geschützten Ëmfeld z‘entwéckelen an hinnen domadder d’Méiglechkeet ze ginn, zu onofhängegen a verantwortungsvollen Erwuessenen opzewuessen.

Dir kënnt d’Projeten vun der Fondatioun mat engem Don ënnerstëtzen:

Kommunikatioun: Gebuert vum Prënz François

Bankkonto: LU41 1111 0000 6565 0000

BIC / SWIFT Code: CCPL LU LL