03.10.2025
Trounwiessel | Vereedegungszeremonie

Je jure d'observer la Constitution et les lois et de remplir fidèlement mes attributions constitutionnelles.

De Grand-Duc
Mam Ofleeë vun dësem Eed virum President vun der Chamber, Claude Wiseler, an den Deputéierten, virun der Regierung an den auslänneschen Dignitären, ass de Prënz Guillaume de Freideg, den 3. Oktober, d’Nofolleg vu sengem Papp als Staatschef ugetrueden.
Bei dëser Zeremonie huet de neie Grand-Duc d’Trounried mat engem Zitat vu senger Urgroussmamm, der Grande-Duchesse Charlotte, ugefaangen:
Ech wäert d'Liewe vu mengem Vollek liewen, vun deem ech duerch keng Barrière wëll getrennt sinn. Ech wäert seng Freed a säi Leed deelen.

D’Grande-Duchesse Charlotte

© Maison du Grand-Duc / Sophie Margue & Kary Barthelmey
Dëst bedeitend Zitat ënnersträicht d’Pflichbewosstsinn an d’Déngschtbereetschaft vum Grand-Duc vis-à-vis vun der Natioun. De Grand-Duc Guillaume ass och op déi Themen agaangen, déi him fir den Ufank vu sengem Règne besonnesch um Häerz leien: de sozialen Zesummenhalt, déi Kraaft déi d'Lëtzebuerger duerch hir Oppenheet an hir Diversitéit hunn duerch hir Oppenheet an hir Diversitéit hunn, den Asaz vun der Jugend, d’Ënnerstëtzung vun deene Vulnérabelsten an d’Fërderung vun der wirtschaftlecher Attraktivitéit vum Grand-Duché :
Lëtzebuerg bléit op, wa jidderee sech hei am Land doheem fillt.

De Grand-Duc