Actualité

Prënzenhochzäit: reliéis Zeremonie zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume

21.09.2013

Mariages

Den 21. September 2013 huet de Prënz Félix vu Lëtzebuerg d‘Madamm Claire Lademacher wärend enger reliéiser Zeremonie an der Basilika Sainte Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume bestuet; a Präsens vun de Membere vun de jeeweilege Familljen, Frënn an der allgemenger Ëffentlechkeet, déi, souwäit Plaze fräi waren, dozou ageluede war, un der Zeremonie deelzehuelen.

D’Braut hat en Haute-Couture-Kleed mat laangen Äerm vun Elie Saab aus Chantilly-Seid un, wou Planzemotiver aus crèmefaarweger a sëlwerege Seidefiedem drop brodéiert waren, an op deem transparent Kristallen a perlmuttfaarweg Paillettë verschafft waren; dobäi e Schleier aus elfebeenfaarwegem Seidentüll, wou neobarock Planzemotiver opgegraff goufen, déi och um Kleed waren, an eng Schleef aus elfebeenfaarweger Chantilly-Spëtzt.

D’Hochzäitsmass gouf vum Mgr Jean-Claude Hollerich S.J., Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, geleet. E Chouer an en Orchester, begleet vun engem Organist, hu fir de musikaleschen Encadrement vun der reliéiser Zeremonie gesuergt; et waren dat de Bouwechouer „Pueri cantores“ an de Kammerorchester vum Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ënnert der Leedung vum Pierre Nimax jr.; un der Uergel vun der Basilika huet den Titularorganist vun der Kathedral vu Lëtzebuerg, Paul Breisch, fungéiert.

D’Brautréng waren aus gielem Gold aus fairem Handel, eng bewosst Entscheedung vun der jonker Koppel, déi hir besonnesch Opmierksamkeet fir Ëmweltfroen a Verbindung mam Anhale vun de Reegele vum eetheschen Handel markéiert huet. D’Braut huet en Diadeem mat Wäiblieder gedroen, deen hir vun der Grande-Duchesse geléint gi war an deen déi véier Prinzessinnen, Duechtere vun der verstuerwener Grande-Duchesse Charlotte, op hirem Hochzäitsdag gedroen hunn. No de Feierlechkeete gouf et en Ëmpfank am Klouschter Saint-Maximin-la-Sainte-Baume, un deem déi jeeweileg Famill a Frënn vun der jonker Koppel deelgeholl hunn.

Fotoalbum

D'Familljefoto

© 2013 Cour grand-ducale / Guy Wolff

Vu lénks no riets, vun der éischter bis zur véierter Rei

De Prënz Gabriel, d‘Madamm Gabriele Lademacher, den Här Harmut Lademacher, d‘Prinzessin Claire, de Prënz Félix, d’Grande-Duchesse, de Prënz Noah, de Grand-Duc, de Grand-Duc Jean

De Prënz Sébastien, d‘Prinzessin Alexandra, den Här Félix Lademacher, den Ierfgroussherzog, d‘Ierfgroussherzogin, de Prënz Louis

Den Här Volkmar Schneider, d‘Prinzessin Sibilla, d‘Äerzherzogin Maria Astrid vun Éisträich an den Äerzherzog Christian vun Éisträich, d‘Madame Czempiel, den Dr. Joachim Schneider, d‘Prinzessin Margaretha vu Liechtenstein, de Prënz Nikolaus vu Liechtenstein

D‘Madamm Neda Schneider, d’Madamm Catalina Mestre, de Prënz Guillaume, den Här Victor Batista, den Här Czempiel, den Här Antonio Mestre, d’Madame Verena Schneider, d’Gräfin Diane vun Nassau, d’Madamm Nicole Mestre, den Här Luis Mestre

Méi iwwer d‘Prënzenhochzäit