Direkt op den Haaptinhalt

20.10.2012

Hochzäit vum Prënz Guillaume an der Prinzessin Stéphanie : déi reliéis Zeremonie

Prënzenhochzäit: déi reliéis Zeremonie

 

 

De Prënz Guillaume, Ierfgroussherzog vu Lëtzebuerg, huet d’Comtesse Stéphanie de Lannoy wärend enger reliéiser Zeremonie, déi vum Mgr Jean-Claude Hollerich, S.J., Äerzbëschof vu Lëtzebuerg, presidéiert gouf, an der Kathedral vu Lëtzebuerg bestuet, dat a Presens vun de Membere vun hire Famillen an ënner anerem de konstituéierten Organer vum Staat, de Monarchen a Vertrieder vun auslännesche Monarchien a Staaten, gradewéi der allgemenger Ëffentlechkeet, déi zu de Feierlechkeeten ageluede war.

Déi ierfgroussherzoglech Koppel um Balcon vum Palais

Déi ierfgroussherzoglech Koppel um Balcon vum Palais

© Cour grand-ducale / Christian Aschman

Um Enn vun der reliéiser Zeremonie huet d’Prënzekoppel sech um Balcon vum Palais gewisen, wou si den traditionelle Kuss vun de Frëschbestueten ausgetosch hunn, éier si sech dem Ëmpfank am Palais ugeschloss hunn. Nomëttes gouf uechter d’ganz Stad Lëtzebuerg am Zentrum musikalesch Ënnerhalung ugebueden.

Freedefeier fir d’Hochzäit vun der ierfgroussherzoglecher Koppel

Freedefeier fir d’Hochzäit vun der ierfgroussherzoglecher Koppel

© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Owes gouf et e Freedefeier, vun den „Dräi Eechelen“ aus ofgeschoss, a Presens vun der frëschbestueter Koppel a vun engem grousse Publikum. Schliisslech goufen et um Knuedler zwee Soul-Musek-Concerten, vun der Stad Lëtzebuerg ugebueden, mat Optrëtter vun der belscher Singer-Songwriterin Selah Sue an der lëtzebuergescher Multi-Kulti-Grupp Funky P an et war fräi Nuecht an der ganzer Haaptstad.

Arrivée an der Kathedral vu Lëtzebuerg

© Cour grand-ducale / Vic Fischbach

Reliéis Zeremonie an der Kathedral vu Lëtzebuerg

© Cour grand-ducale

Arrivée an der Kathedral vu Lëtzebuerg

© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Arrivée an der Kathedral vu Lëtzebuerg

© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Arrivée an der Kathedral Notre-Dame vu Lëtzebuerg

© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Reliéis Zeremonie

© Cour grand-ducale / Guy Wolff

Cérémonie religieuse

© Cour grand-ducale / Vic Fischbach

Cérémonie religieuse

© Cour grand-ducale / Vic Fischbach

Arrivée à la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg

© Cour grand-ducale / Vic Fischbach

De Prënz an d'Prinzessin wénken de Leit aus dem Public

© Cour grand-ducale / Guy Wolff